Episode Details
Back to EpisodesD'Neiegkeete vum 17. Oktober 2026
Description
ILRES-Sondage
Wann e Sonndeg bei eis eng nei Chamber géif gewielt ginn, wier déi rietspopulistesch Partei ADR ee grousse Gewënner: Si géifen iwwer 3 Prozentpunkte bäigewannen. Och d’DP, déi gréng an déi Lenk géife méi oder manner gewannen. D’LSAP géif gläich bleiwen. Op där anerer Säit géif d’Piratepartei, mee virun allem och d’CSV Stëmme verléieren.
D’Sëtzverdeelung an der Chamber no Walen ass e bësse speziell: Am ganze ginn et 60 Sëtz an d’CSV géif der – der Ëmfro no - 6 verléieren. Fir d’Pirate wier et e Minus vun 2. D’LSAP an d’DP géifen ee Sëtz bäikréien, déi gréng an d’ADR jee 3. A Prozenter wier eeben awer d’ADR de grousse Gewënner. D’Resultater vun der Ëmfro weisen awer och, datt déi aktuell Regierungskoalitioun nach just 30 vu 60 Sëtz an der Chamber hätt. Dat wier keng Majoritéit méi.
Rentrée an der Chamber
Dës Woch war iwweregens d’Rentrée vun der Chamber no der Summervakanz. An den éischte Sëtzunge goufen dräi nei Deputéiert vereedegt: D’Josée Lorsché fir déi gréng, de Gary Diderich an d’Ana Correia fir déi Lenk. Si ass déi éischt kapverdianesch Fra, déi bei eis an d’Chamber kënnt.
Piratepartei
D’Piratepartei war an de leschte Jore vill an der Press mat ënnerschiddleche Streidereien. An der leschter Legislaturperiod, tëschent 2018 a 2023, hu si Suen, déi si fir hir Aarbecht als Deputéierte kruten, net richteg agesat. An dofir goufe si elo gestrooft. D’Deputéierte Sven Clement a Marc Goergen kréien elo hir Indemnitéite fir ee bis zwee Méint tëschent 25 an 30 Prozent gekierzt.
Kannergeld
An der Chamber selwer gouf dës Woch eng Erhéijung vum Kannergeld gestëmmt. Vum 1. Januar u gëtt et 45 Euro méi pro Kand, 60 Euro esou guer fir Kanner vun 12 Joer un. D‘Hëllef fir d‘Schoulrentrée geet ëm 60, respektiv 90 Euro erop.