Episode Details
Back to Episodes
#1 Wat leeft, wann et net méi leeft
Published 1 day, 13 hours ago
Description
Vapeuren, kloer. Mee Oueren, déi bäissen? Hänn, déi kribbelen? Péng an de Gelenker, wann ee moies erwächt?
D'Menopause huet méi Gesiichter, wéi déi meescht denken. Bis zu 100 Symptomer ginn domat a Verbindung bruecht – an déi heefegst dovun si psychesch.
D'Ilana ass 21 Joer al a weess eigentlech näischt iwwer d'Wiesseljoren. Dofir fänkt hatt als Host ganz vu vir un: Wat geschitt iwwerhaapt hormonell am Kierper? Wat ass den Ënnerscheed tëscht der Perimenopause an der Menopause? A firwat fillt et sech fir verschidde Fraen u wéi eng zweet Pubertéit?
Äntwerte kréie mir vu Fraen tëscht 21 a 64 Joer, déi oppen doriwwer schwätzen: vun extreemer Middegkeet, Nuechten ouni Schlof an dem Gefill, den eegene Kierper net méi ze kennen. Fir dat Ganzt anzeuerdnen, hëllefen eis d'Generalistin Dr. Hacer Akkuzu an de Gynekolog Dr. Vincent Massard.
Si erklären, wat genee am Kierper geschitt a firwat keng Menopause wéi déi aner ass.