Episode Details

Back to Episodes

D'Neiegkeete vum 10. Oktober 2026

Published 1 week ago
Description

Budget 2027: "Fir d'Leit, fir Opschwong"

De Finanzminister Gilles Roth vun der CSV huet an der Chamber de Gesetzprojet fir de Budget vum nächste Joer deposéiert a presentéiert. De Budget 2027 huet den Titel: "Fir d‘Leit, fir Opschwong". De Finanzminister huet dat esou resuméiert: "Mir investéieren, mir entlaaschten. Mir stäerken d’Kafkraaft vun de Leit. Mir stäerken d’Betriber. A mir halen d’Staatsfinanzen ënner Kontroll."

D‘Zuele vum neie Budget gesinn esou aus: D‘Depensë vum Zentralstaat, also d‘Ausgaben, sollen op 35,8 Milliarden Euro klammen. An d‘Recetten, also d‘Einnamen, op 33,9 Milliarden Euro. Ënner dem Stréch ass domat en Defizit vun 1,9 Milliarden Euro fir d‘nächst Joer virgesinn. 

"Lëtzebuerg ka sech dat erlaben, well d‘Recettë sech no uewen entwéckelen“, sot de Finanzminister. D‘Staatsschold soll bis 2030 dann och weider knapp ënner 30 Prozent vum Bruttoinlandprodukt bleiwen. Dat ass däitlech manner wéi a villen aneren EU Länner. 

Budget 2027: Héich Investitiounen a steierlech Entlaaschtungen

Mir kucken de Budget 2027 nach e bësse méi am Detail: De Staat gëtt a ville Beräicher méi Suen aus. Fir Familljen, zum Beispill, gëtt d‘Kannergeld am Januar gehéicht. An de Mindestloun klëmmt d‘nächst Joer och, ëm 3,8 Prozent. 

Ee vun de gréisste Poste bei den Ausgabe sinn d‘Personalkäschte beim Staat. Déi sollen 2027 op 5,5 Milliarden Euro klammen. 

Och fir d‘Verdeedegung an d‘Sécherheet si vill Sue virgesinn. D‘Ausgabe fir d‘Verdeedegung sollen d‘nächst Joer op 1,4 Milliarden Euro klammen. A fir d‘Police si 600 Milliounen Euro virgesinn. D‘Police soll ënner anerem nei Equipementer an Anti-Drone-Systemer kréien. 

D‘Investitioune sollen op en neie Rekord klammen, vun iwwer 4,5 Milliarden Euro.

Am Budget 2027 sinn och steierlech Entlaaschtunge fir d‘Betriber virgesinn. D‘Kierperschaftssteier – dat ass d‘Steier fir Betriber – soll fir grouss Entreprisë vu 16 op 15 Prozent erofgoen, a fir kleng a mëttelgrouss Betriber, vu 14 op 13 Prozent.

Budget: Kritik vun Oppositioun, OGBL a Mouvement écologique

Déi politesch Oppositioun huet gréisstendeels kritesch op de Budget 2027 reagéiert. D‘LSAP zum Beispill huet fonnt, datt d‘Regierung zwar vill Suen ausgëtt. Mee si hätt keng kloer Strategie fir déi grouss Problemer am Land ze léisen, zum Beispill déi héich Wunnengspräisser, esou d‘LSAP. D‘ADR huet fonnt, et wier net gutt fir Lëtzebuerg, wann d‘Land weider Scholde mécht. 

Och vun der Ëmweltorganisatioun Mouvement écologique gouf et Kritik. D‘Regierung géif weider op ekonomesche Wuesstem setzen a net genuch géint d‘Klimakris maachen.

D‘Gewerkschaft OGBL huet hirersäits kritiséiert, datt d‘Steiere fir d‘Betriber weider erofgesat ginn. Dat wier net fair vis à vis de Leit, well si nach ëmmer de gréissten Deel vun de Steiere géife bezuelen, esou den OGBL.

Listen Now

Love PodBriefly?

If you like Podbriefly.com, please consider donating to support the ongoing development.

Support Us