Episode Details
Back to EpisodesD'Neiegkeete vum 26. September 2026
Description
Hybrid Menace: Dronen iwwer Lëtzebuerg
Och zu Lëtzebuerg goufen an de leschten Deeg net-identifizéiert Drone gesinn. Dat och iwwer dem Flughafen. Dat huet vill Onsécherheet a Problemer verursaacht. De Fluchverkéier um Findel gouf zweemol gestoppt.
D‘Leit an d‘Medien hu sech vill Froen iwwer déi Drone gestallt. Zu Lëtzebuerg wëssen d‘Autoritéiten awer nach ëmmer net, wien hanner den Drone stécht. Dat sot de Premier Luc Frieden op enger Pressekonferenz. D‘Regierung kéint näischt soen, esou laang si net sécher weess, wie fir déi Drone responsabel ass, esou de Premier. Sécher ass awer: Et ware gréisser Dronen, déi een net esou einfach an engem Buttek ka kafen.
De Premier sot och: D‘Dronen hätte bis elo keng Gefor fir d‘Populatioun duergestallt.
Oppositioun: Kritik u Krisekommunikatioun vun der Regierung
D‘Oppositioun huet der Regierung hire Krisekommunikatioun iwwer d‘Drone kritiséiert. Et misst ee sech froen, firwat d‘Regierung eng Pressekonferenz mat dräi Ministeren ofhält, wa si näischt Neies iwwer déi Drone soe kann, esou d’Oppositiounsparteien LSAP, déi gréng an ADR. D‘Regierung hätt domat d‘Leit net verséchert, mee nach méi Onkloerheet iwwertd‘Drone geschaf.
UNO-Vollversammlung: Ried vum Grand-Duc Guillaume
De Lëtzebuerger Grand-Duc Guillaume huet fir d‘éischte Kéier eng Ried virun der UNO-Vollversammlung zu New York gehalen. Virun him hat schonn ënner anerem den amerikanesche President Donald Trump op därselwechter Bün geschwat. Hien huet do seng "America First" Politik verdeedegt. De Grand-Duc Guillaume huet a senger Ried par contre de Multilateralismus an de Respekt virun internationalen Institutioune verdeedegt. Et wier wichteg, datt d‘Länner an d‘Mënschen sech nees méi vertrauen, sot de Grand-Duc Guillaume.
Ukrain: Kritik, well Oligarch vun EU-Sanktiouns-Lëscht gestrach gouf
De russeschen Oligarch Michail Fridman gouf vun der EU hirer Sanktiouns-Lëscht erofgeholl. Lëtzebuerg hat sech dofir agesat, an d‘Ukrain huet dat schaarf kritiséiert.
De Lëtzebuerger Premier Luc Frieden huet déi Decisioun awer verdeedegt. Si wier am nationalen Interêt vum Land geholl ginn a géif näischt un der Lëtzebuerger Ënnerstëtzung vun der Ukrain änneren.
Et ass onkloer, ob déi Decisioun eppes mat der Klo vum Michail Fridman virun engem internationale Geriicht ze dinn huet. De Milliardär fuerdert ronn 15 Milliarden Euro vu Lëtzebuerg, well säi Verméigen hei am Land agefruer gouf.
Nieft dem Michail Fridman gouf och nach de russeschen Oligarch Alischer Osmanow vun der EU-Sanktiounslëscht gestrach. Dat op Wonsch vun der Slowakei a vu Frankräich.