Episode Details

Back to Episodes

D'Neiegkeete vum 12. September 2026

Published 1 month ago
Description

PISA-Etüd an de Schoulen: Schlecht Resultater fir Lëtzebuerg

D‘Schoul fänkt elo nees un. Mee scho virun der Rentrée gouf vill iwwer d‘Schoul geschwat.

An der PISA-Etüd 2025 iwwer d‘Schoulen huet Lëtzebuerg nämlech schlecht ofgeschnidden. Dës Etüd vergläicht d’Leeschtunge vu Schülerinnen a Schüler aus 91 Länner vun der OECD – dat ass d‘Organisatioun fir wirtschaftlech Zesummenaarbecht an Entwécklung.

Lëtzebuerg huet sech an all den Haaptberäicher - Liesen, Wëssenschaften a Mathé -  nach verschlechtert a läit do ënner dem Duerchschnëtt.

Besonnesch am Liesen huet Lëtzebuerg schlecht ofgeschnidden. Bal 40 Prozent vun de Schülerinnen a Schüler erreechen am Liesen net de minimalen Niveau vun der OECD.

Educatiounsminister: De Smartphone ass den Haaptproblem

Den Educatiounsminister Claude Meisch vun der DP huet hei um Radio 100,7 op d‘PISA-Etüd reagéiert.

Déi schlecht Resultater am Liese maachen him am meeschte Suergen.

De Minister sot: De Smartphone wier den Haaptgrond firwat Jonker manner gutt liesen an Texter verstoe kënnen. Si kucke vill Videoen um Handy. An duerch déi Kënschtlech Intelligenz ass et einfach, Texter a Bicher ze resuméieren, amplaz se ze liesen, esou den Educatiounsminister.

Hie wëllt elo mat de Schoulen a Gewerkschaften diskutéieren an d‘Reegele fir d‘Smartphonen an der Schoul méi streng maachen.

D‘Schoul kann awer net alles eleng maachen, sot den Educatiounsminister nach. Och d‘Eltere missten dofir suergen, datt hir Kanner méi liesen a manner Zäit um Handy verbréngen.

Klimawandel: Ëmweltminister reagéiert op de wäermste Summer

De Summer ass eriwwer. Och zu Lëtzebuerg war et dee wäermste Summer jeemools. An et war extreem dréchen.

Den Ëmweltminister Serge Wilmes vun der CSV war bei eis am Interview fir doriwwer ze schwätzen. Hie war averstanen, datt de Klimawandel ëmmer méi extreem gëtt. Mee hie war net averstanen, datt d‘Regierung net genuch dogéint mécht. Dem Serge Wilmes säi Parteikolleeg, den CSV Deputéierte Paul Galles, hat am August hei um Radio 100,7 gesot, d‘Regierung misst an der Klimapolitik méi maachen.

Den Ëmweltminister sot: Lëtzebuerg géif seng Klimaziler anhalen.  D‘Ausstéiss vum klimaschiedlechen CO2 wieren d‘lescht Joer zu Lëtzebuerg erofgaangen. An d‘Regierung hätt vill Mesurë geholl. Als Beispill huet den Ëmweltminister de sougenannte Klimabonus genannt. Dat si finanziell Hëllefen. Déi goufe bis 2030 verlängert. D‘Leit kënnen déi kréie wa si zum Beispill hir fossil Heizunge mat Wäermepompelen ersetzen, oder wa si Solaranlagen doheem installéieren.

Den Ëmweltminister huet widderholl: Amplaz Verbueter oder méi restriktiv Mesuren anzeféieren, wëllt d‘CSV-DP-Regierung d‘Leit positiv encouragéieren, fir mat op de Wee vum Klimaschutz ze goen.

Listen Now

Love PodBriefly?

If you like Podbriefly.com, please consider donating to support the ongoing development.

Support Us