Episode Details
Back to EpisodesNo negativem Audit iwwert den ONA: wat soll änneren?
Published 2 months, 2 weeks ago
Description
Vill Personalwiesselen, komplizéiert administrativ Prozesser, en Direkter dee quasi net präsent ass a schlecht Zoustänn an de Strukturen – den ONA huet am Audit vun der IGF, der Generalinspektioun vun de Finanzen, ganz schlecht ofgeschnidden. Dobäi goufe verschidde Problemer scho jorelaang kritiséiert. Firwat ass näischt dogéint ënnerholl ginn a wéi soll den Office national de l’accueil elo reforméiert ginn, dat froe mir den DP-Familljeminister Max Hahn.