Episode Details

Back to Episodes

Tom Høyem

Published 2 days, 21 hours ago
Description
Et ass en aussen- a sécherheetspolitesch héich brisante Sujet: déi aktuell Diskussioun ëm Grönland. Déi weltwäit gréissten Insel steet am Zentrum vun der Weltpolitik: Den US-President Donald Trump wëllt Grönland un d’USA annektéieren a schléisst och Waffegewalt net aus, fir dat Zil ze erreechen. Kopenhagen a seng europäesch Partner refuséiere fir den autonomen däneschen Territoire ofzetrieden oder ze verkafen. Wien entscheet iwwer d’Zukunft vun der Insel, doriwwer schwätze mir mam Tom Høyem. Hie war tëschent 1982 a 87 de leschte Grönlandminister an der dänescher Regierung.
Listen Now

Love PodBriefly?

If you like Podbriefly.com, please consider donating to support the ongoing development.

Support Us