Episode Details

Back to Episodes
On the Record: "Passerell asbl"

On the Record: "Passerell asbl"

Episode 17 Published 3 years, 7 months ago
Description

Wee zu Lëtzebuerg Asyl ufreet, muss sech op laangwiereg a komplex Prozeduren astellen. Fir déi divers bürokratesch Hürden ze meeschteren, kennen Flüchtlingen Ënnerstëtzung kréien vun der Hëllefsorganisatioun "Passerell". D'Asbl, déi selwer em d'Iwwerliewen kämpft, kritiséiert datt Flüchtlingen kee gudden Access zur Justiz kréichen: se géifen net vun den Autoritéiten iwwert hir Rechter opgekläert ginn, an generell géing et u spezialiséiert Affekoten feelen.

"Passerell" ass mat hirem konsequenten Aktivismus eng Ausnam am Lëtzebuerger ONG-Secteur: d'lescht Joer huet si d'Direction de l'Immigration verklot, dat well Agenten Flüchtlingen systematesch dovunner ofhalen géifen, eng "demande de protection internationale" anzereechen. An der neier Episod vum REPORTER-Podcast "On the Record" setzen sech d'Journalisten Luc Caregari an Isabel Scott vu Reporter.lu ënnert anerem mat dëse Froen auserneen.

Méi zum Thema: https://www.reporter.lu/luxemburg-passerell-asbl-fluechtlingshelfer-in-not/

Listen Now

Love PodBriefly?

If you like Podbriefly.com, please consider donating to support the ongoing development.

Support Us